• Mé-Do: 9-18, Fr: 9-20, Sa: 8-18
    • 26 74 74 75

    Iwwer eis

    EIS GESCHICHT

    Am Januar 2015 huet déi jonk Meeschterin Michèle Haag den Fond de commerce vum Salon „Coiffure Cathy“ iwwerholl. No enger Renovéierung huet dunn kuerz dono „Hairdreams by M.H.“ seng Dieren opgemaach.

    Den Salon ass  méi frëndlech an méi gemittlech, mat modernen Akzenter, angeriicht ginn, esou datt all Client, kleng a grouss, jonk an eeler , sech hei wuelfillt.

    EIS MISSIOUN

    Eis Missioun ass eis Clienten ze motivéieren dat Bescht aus sech erauszehuelen.

    Mir suergen dofir datt Dir Iech wuel fillt an zefridden mat Iech selwer kennt heem goen.

    TEAM

    Hairdreams by M.H. besteet aus 4 Mataarbeschterinnen:

    Ech hunn viru 9 Joer ongeféier an dësem Salon meng Leidenschaft zu mengem Beruff entdeckt. Nodeems ech e puer Joer fort war fir wäertvoll Erfahrungen sammelen ze kënnen, sinn ech houfreg mech elo Patronne vun eisem Salon nennen ze däerfen an freeë mech all Dag Är Wënsch kennen ze erfëllen.

    Michèle (Michi)

    Ech schaffen zënter bëssen méi wéi 12 Joer am Beruff. Schon an der Léier hunn ech mam Nadine zu Greivemaacher geschafft, elo schaffen mir schonn méi wéi 9 Joer zu Wuermer. Ech sinn frou mat mengem Beruff well ech gären de Kontakt mat de Léit hunn an ee vill Ofwiesslung huet.

    Viviane (Vany)

    Ech hunn 1986 meng Léier als Coiffeuse ugefaangen an dono an verschidden Salonen geschafft. Do dertëschent war ech 18 Méint um Croisièresschëff ‘AIDA‘ zoustänneg fir d’Coiffuren vun den Reesenden. Elo sinn ech frou nees op enger fester Platz ze schaffen an meng laangjäreg trei Clientèle schéin ze maachen.

    Nadine

    Ech sinn d’Nina. Ech hunn mech entschloss eng Leier als Coiffeuse ze maachen, well ech mech gären mat Frisuren beschäftegen an leieren well wei een den Clienten hier Wënsch kann erfëllen. Ech sinn kreativ an natierlech hunn ech den Kontakt mat Leit immens gären. Ech soen dem ganzen Team Merci, datt si mech esou häerzlech empfaangen hunn an denken datt ech an deenen nächsten 3 Joer hei am Salon kann leieren wat et fir eng Freed mécht Coiffeuse ze sinn.

    Jannina(Nina)