Bei eis am Salon ass reegelméisseg Training, fir datt d’Nina üben an experimentéieren kann.

D’ Michèle weist dem Nina an deenen Stonnen un Hand vun engem Poppenkapp all méiglech Techniken déi et muss fir säin Examen beherrschen.

Wann d’ Nina sech sécher genuch ass, dann ass et un Iech; mir brauchen Leit déi Gedold matbréngen, esou datt d’ Nina un engem liewegen Modell Erfarung sammelen kann, iert et dann déi eenzel Servicer un den Clienten während dem normalen Aarbechtsdag kann maachen.

Natierlech däerfen och Servicer, déi d’ Nina schonn geleiert huet, perfektionéiert(Schnellegkeet an Sécherheet, sinn déi 2 wichtegst Faktoren) ginn, woubäi dann je no Service 50-100% gefrot kann ginn.

An nächster Zäit stinn bei eis um Léierprogramm:

–          Einfach Hären- an Dammecoupe (natierlech och Kanner)

–          Baart raséieren

–          Verschidden Faarwen- an Mechentechniken

–          Permanente (och gären ouni Produit)

–          Mise-en-Plis (dono stylen mir Iech natierlech no Ären Wënsch)

–          Brushing

–          Maquillage

–          Gesiichtsfleeg

–          Ausserdeem kenne mir niewenbei och gären divers kleng Servicer trainéieren( wei z.Bsp. Aperhoer zupfen oder Wimperen fierwen)

 

Sidd Dir intresséiert? Bei weideren Froen mellt Iech beim Michèle, mir freeën eis!

 

 

http://www.hairdreams-by-mh.lu/contact-us/